Défense de l'enfant
Wi si mir?
Schutz fir d’Kand - Défense de l’enfant ass eng spontan Initiative vu lëtzebuergeschen an europäesche Bierger, déi zu Lëtzebuerg liewen.
Schutz fir d’Kand - Défense de l’enfant stellt sech op de Standpunkt vum iwwergeuerdneten Intérêt vum Kand a vum Intérêt général, a wëll dowéinst d’Gesetzesprojeten n° 6172 et n° 6568 verhënneren, déi d’Bestietnis, d’Adoptioun an d’PMA (Procréation médicalement assistée) fir gläichgeschlechtlech Koppelen opmaachen. Mir fuerderen, datt op dës Projete verzicht oder ee Referendum ofgehal gëtt.
Schutz fir d’Kand - Défense de l’enfant stellt fest, datt et keng wiirklech ëffentlech Analys vum tatsächlechen Enjeu vun dëse Gesetzesprojete gëtt a wëll een demokrateschen Debat ervirruffen.
Schutz fir d’Kand - Défense de l’enfant ass net konfessionell, net politesch, a pazifistesch. Si ass géint a verdaamt all Homophobie. Mir handelen am Respekt vun all Mënsch, onofhängeg vu senge politeschen, philosopheschen oder reliéisen Iwwerzeegungen oder senger sexueller Ausriichtung.