Défense de l'enfant

PMA / GPA

L'initiative Schutz fir d'Kand a déposé une pétition publique 867 devant la chambre des députés pour la protection de l’enfant et de la dignité humaine et contre le projet de loi 6568A sur la PMA avec tiers donneur et la GPA.

La pétition ne concerne pas la PMA intra-couple (avec les gamètes du couple)


Lien pour signer la pétition 867

Le projet de loi n°6568 sur la PMA avec tiers donneur et la GPA, publié le 3 août 2017, viole les droits de l’enfant et la dignité humaine.

1) PMA AVEC TIERS DONNEUR (procréation médicalement assistée avec les gamètes d’un tiers donneur) :

Le projet de loi prévoit d’ouvrir cette PMA, sans limite d'âge ni indication médicale, aux couples hétérosexuels, aux couples homosexuels, aux personnes seules, aux personnes décédées (utilisation des gamètes du défunt). Le projet de loi parle expressément de « PMA pour tous ».

Si le projet est voté, c’est la légalisation au Luxembourg de l’enfant sans père, de l’enfant conçu orphelin, de l’enfant sélectionné et de la paternité disqualifiée.

2) GPA (gestation par une mère porteuse qui abandonne l’enfant à un commanditaire) :

Le projet de loi, tout en interdisant la GPA sur le territoire national, renonce à déclarer nuls les contrats de GPA. Il favorise la GPA à l’étranger, en modifiant le Code civil pour aider les commanditaires lors de leur retour au Grand-Duché. L’absence de toute condamnation claire de la GPA, et les incohérences du projet, reviennent à banaliser la GPA. Le Luxembourg devrait plutôt, comme le demande le rapport du Parlement européen sur les droits de l’homme (30/11/2015), s’engager pour la prohibition mondiale de la GPA.

Si le projet est voté, c’est, en définitive, l’acceptation par le Luxembourg de l’enfant sans mère, de la femme instrumentalisée, de la maternité disqualifiée.

3) La PMA avec tiers donneur et la GPA violent la Convention internationale relative aux droits de l’enfant, du 20 novembre 1989. Cette Convention est applicable au Luxembourg, depuis la loi luxembourgeoise d’approbation du 20 décembre 1993. Selon l’article 7 de cette Convention, l'enfant a, « dès sa naissance, le droit, dans la mesure du possible, de connaître ses parents et d'être élevé par eux ». Les parents, ce sont le père et la mère de l’enfant. Or, par la PMA avec tiers donneur et la GPA, les adultes se procurent un enfant délibérément privé de son père (PMA avec tiers donneur) ou de sa mère (GPA). Le projet de loi n° 6568 est hyper-libéral. S’il est voté, il suscitera un business procréatif de l’humain, au Luxembourg et à l’étranger (enfants traités comme des objets que l’on se procure, femmes instrumentalisées à l’étranger pour les besoins de commanditaires luxembourgeois). Il produira de futurs adultes à la filiation amputée. Ne pas connaître ses origines, avoir été privé de son père ou de sa mère, sont des souffrances existentielles. Le projet de loi n° 6568, loin de protéger l’enfant, provoque sa maltraitance et celle de la femme. Le projet de loi n° 6568 est donc illégal, contraire aux droits de l’enfant et de la femme. Il nie :

- le droit de l’enfant à une filiation cohérente,

- le droit de la femme au respect de sa personne et de son corps,

- la dignité et l’indisponibilité du corps humain,

- la complémentarité homme/femme.

Ce projet instaure un droit à l’enfant, ce qui est contraire aux droits de l’homme.

C’est pourquoi les pétitionnaires demandent à la Chambre des Députés de rejeter ce projet de loi.

Ils demandent à la Chambre des Députés de développer la recherche sur les causes de l’infertilité masculine et féminine, de promouvoir les actions de préservation et de restauration de la fertilité naturelle, de promouvoir l’adoption et l’accueil des enfants privés de leurs parents par les circonstances de la vie et, enfin, de défendre en toutes circonstances l’intérêt de l’enfant contre les désirs des adultes.

Il est dans l’intérêt général que les droits de l’enfant et la dignité humaine soient garantis.

Lien pour signer la pétition : lien vers la pétition .





Par ailleurs, ci-dessous l'avis en Luxembourgeois déposé par l'Initiative en février 2015 dans la procédure législative :

Gesetzprojeten Nr. 6568 a 5553
iwwert d'Reform vun der Ofstamung an dem Iwwerdroe vum gemeinsame Suergerecht

D'Meenung vun der Initiativ Schutz fir d'Kand



Résumé vum Avis


PMA ass den Ensembel vun Techniken, déi Liewe schafen, ouni sexuell Vereenegung, mat Stammzelle vun der Koppel (homolog PMA) oder mat Mathellef vun engem externe Spender (heterolog PMA).

PMA gëtt momentan zu Letzebuerg ouni legale Kader praktizéiert. Ouni e Kader ze proposéieren, erkennt de Gesetzprojet déi heterolog PMA fir Koppelen vu verschiddenem oder gläichem Geschlecht, bestuet oder gepacst, ouni Limitatioun, un. Wat déi homolog PMA ugeet, ernimmt de Projet se net, wat eng total Aktiounsfräiheet no sech zitt. Näischt verhënnert also zu Letzebuerg den Développement vun enger ganz lukrativer economescher Aktivitéit, déi eng PMA ouni medizinesch Grënn fir (räich) net steril Leit, déi sech kompetitiven Nowues wënschen, proposéiert. (Kuckt dëse kuerze Fiktiounsvideo festivalnikon.fr Je suis un OGM)

Mee d'PMA ouni medizinesch Grënn mécht d'Dier op fir Gesellschaftsanuerdnung an de Milieu vum fabrizéierte Objet Kand. Si annoncéiert en onmenschlechen Ultraliberalismus, wou Fra a Mann zu Aarbechter a Konsumenten reduzéiert ginn (cf déi rezent Propositiounen op Facebook an Apple). Si mécht d'Dier op fir eng staatlech Eugenik, firtéischt harmlos an duerno ëmmer méi fräiheetsraubend. Si as total anti-ökologesch. Si annoncéiert eng Welt ënner Kontroll, wou Fräiheet vum Liewe schafen superviséiert gëtt. Si beschwiert den onléisbaren ethesche Problem vun den excédentairen Embryoen an hir Reduktioun op einfacht Laboratoiresmaterial oder bioindustriell Matière première erop.

Desweideren heescht déi heterolog PMA validéieren och d'Fabrikatioun vu Weesekanner fir Adoptiounszwecker gesetzlech ze validéieren. Sou gëtt einfach e Filiatiounskader, deen objektiv suboptimal fir Kand ass, agefouert. Kalbliddeg gëtt all Kand engem Inzestrisiko ausgesat.

Wat GPA (gestation pour autrui) [Leihmutterschaft] ugeet, esou ass d'Dignitéit vun der Fra an héijem Mooss betraff an hir Intimitéit gëtt exploitéiert, a si mécht aus dem Kand e per Kontrakt bestalltenen a gekaaften Objet. D'Relatioun tëschent Kand a Mamm ass inexistent.

Et dierft ee vun engem Rechtsstaat, dee mënschlech Dignitéit respektéiert, op mannst erwarden, datt en déi homolog PMA ouni medizinesch Grënn, awer och déi heterolog PMA an alle Fäll (medizinesch Grënn oder net, homosexuell an heterosexuell), esou wéi och d'GPA verbitt.



1. E Réckbléck iwwer d'Grënnung vun der Initiativ

D'Initiativ Schutz fir d'Kand (d'Initiativ) ass an d'Liewe geruff ginn duerch d’Debatt iwwer d'Legaliséierung vum Bestietnis vu gläichgeschlechtleche Koppelen an der Autorisatioun fir déi Koppelen, Kanner z'adoptéieren. Si ëmfaasst lëtzebuergesch an europäesch Matbierger, déi zu Lëtzebuerg wunnen an déi sech Gedanke wéinst dem Respekt vu de Rechter vum Kand maachen, a virun allem deem Recht, dass all Kand säi Papp a seng Mamm soll kennen an och, wa méiglech, vun hinne soll erzu gi, sou wéi et an der internationaler Konventioun iwwer d'Rechter vun de Kanner steet. D'Initiativ ass weder politesch nach confessionnell gebonnen. Si ass géint all Form vun Homophobie. Ausserdeem respektéiert si all Persoun onofhängeg vun hirer politescher, philosophescher oder reliéiser Meenung an och vun hirer sexueller Neigung.

Ënner anerem huet d'Initiativ e méisproochegen Internetsite kreéiert fir op déi vill sozial, gesellschaftlech an ethesch Problemer, besonnesch fir d'Kanner, opmierksam ze maachen, déi aus der Legaliséierung vum Bestietnis vun homosexuelle Koppelen entstinn. D'Initiativ huet och d'Awunner vum Grand-Duché opgeruff hir Meenung auszedrécken andeems si eng ëffentlech Petitioun lancéiert huet, déi 4751 Ënnerschrëfte krut. D'Initiativ huet och, ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet, virun der Commission des pétitions vun der Chambre des Députés virgeschwat a konnt doduerch op e puer vun den Haaptfroen, déi dës komplett Erneierung vum Bestietnis opwerft, opmierksam maachen.

D'Gesetz Nr. 6172, dat d'Bestietnis an d'Adoptioun fir gläichgeschlechtlech Koppelen erlaabt ass den 18. Juni 2014 gestëmmt ginn, nodeems d'Chamber der Initiativ refuséiert huet en ëffentlechen Debat ze féieren obwuel se d'Recht dorobber hätt, sou wéi et an de Regele iwwer d’Petitiounen steet (Virschrëft vun der Chamber, de konstitutionelle Prinzip, dass all Bierger virum Gesetz gläich sinn). D'Initiativ ass dorobber hi beim Verwaltungsgeriicht zu Lëtzebuerg a Berufung gaange fir sou hiert Recht op eng ëffentlech Auditioun anzekloen a fir géint d'Exklusioun vun den Net-Internetbenotzer bei enger ëffentlecher Petitioun virzegoen. Am Moment ass déi Saach nach unhängesch.

D'Roll vun der Initiativ bei der Preparatioun vun dësem Gesetz war déi vum Uspriechpartner vum Legislateur, wat déi Sujete betrëfft, déi mam Respekt vun de Rechter vum Kand, mat der Entwécklung vun der Famill a mat bioethesche Froen ze dinn hunn. Am Cadre vun der Debatt iwwer d'Projeten Nr. 6568 a 5553 iwwer d'Reformatioun vun der Ofstamung an dem Iwwerdroe vum gemeinsame Suergerecht, wollt d'Chamber d'Meenung vun der Initiativ wëssen

Obwuel si dëser Ufro nokomm ass, huet d'Initiativ sech awer besuergt doriwwer gewisen, wéi wäit déi Projete schonn entwéckelt waren, an dass munnech Ausdréck éischter wéi Intentiounserklärungen an net wéi wierklech Froen gewierkt hunn, sou dass et éischter ausgesinn huet, wéi wann alles schonn an dréchenen Dicher wier an dass d'Berodung just formell wier.

D'Initiativ hofft trotzdem, dass deem net sou ass, an dass hir Meenung, am Intressi vum Kand an allgemeng, consideréiert an an de Gesetzprojet mat abezu gëtt.

2. Déi Froen, déi duerch d'Projeten Nr. 6568 a 5553 opkomm sinn

Ënner anerem ass duerch déi Projeten d'Fro vun der kënschtlecher Befruchtung (procréation médicale assistée -PMA) opkomm, a besonnesch kontrovers ass dobäi eng PMA mat engem externe Spender, well am Gesetzprojet Nr. 6568 sou eng PMA mat externem Spender fir bestuete a gepacste (hetero- oder homosexuell) Koppele soll erlaabt ginn.

Dës Gesetzprojete sinn och Occasioun fir den Legislateur fir sech mat der Leihmutterschaft (gestion pour autrui-GPA) auserneenzesetzen a sech dobäi d'Fro vum Besoin vu Gesetzer ze stellen.

D'Initiativ konzentréiert sech an dësem Schreiwen haaptsächlech op dës zwou Froen.

Dat heescht awer net, dass aner Froen, déi duerch déi Projeten opkommen, manner wichteg wieren. Dorënner sinn z.B. d'Ofschafe vum Ënnerscheed zwëschen engem éierleche Kand an engem net-éierleche Kand an och d'Bäibehale vun der anonymer Gebuert.

Dat heescht awer net, dass aner Froen, déi duerch déi Projeten opkommen, manner wichteg wieren. Dorënner sinn z.B. d'Ofschafe vum Ënnerscheed zwëschen engem éierleche Kand an engem net-éierleche Kand an och d'Bäibehale vun der anonymer Gebuert.

D'Meenung vun der Initiativ grënnt sech op d'Iwwerzeegung, dass et ëmmer op d'Siicht d'Kanner sinn, déi déi éischt Affer vun der klengster Ännerung am Gesetz oder an der Gesellschaft sinn. De Legislateur dierf sech ni iwwer d'Allgemengwuel ewechsetzen a sech och net engem vermeintlechen technesche Progrès ënnerwerfen ouni déi anthropologesch a moralesch Konsequenzen ze bedenken.

Net alles, wat technesch méiglech ass, ass och wënschenswäert.

D'Gesetz muss sech doriwwer bewosst sinn, am Intressi vun eis all.

3. D'Duerstellung vun der Positioun vun der Initiativ

PMA steet fir all déi biomedizinesch Techniken, déi et erlaben Liewen ouni sexuellen Ëmgang ze schafen, sief dat duerch eng kënschtlech Inseminatioun vun enger Fra (IA) oder enger in vitro Befruchtung vun enger Eezell (FIV) an engem Transfert vum /vun den Embryo/en an d'Gebärmutter (FIVete), wouzou och de Gebrauch vu Stammzelle vun engem Spender gehéiert (heterolog PMA).

Eng PMA, egal ob se mat Stammzelle vun der Koppel (homolog PMA) oder mat Stammzelle vun engem Spender (heterolog PMA) gemaacht gëtt, ass am Moment zu Lëtzebuerg net gesetzlech geregelt obwuel se awer an der Praxis gemaacht gëtt.

De Gesetzprojet Nr. 6568 schléit vir d'PMA mat engem Spender fir heterosexuell an homosexuell Koppelen, egal op bestued oder nëmme gepacst ze erlaben an dat mat engem Text, deen d'PMA mol net als Thema vun enger gesellschaftlecher Debatt gesäit.

De Gesetzprojet setzt keng gesetzlech Grenz fir wéi dacks eng Koppel PMA iwwer e Spender dierf maachen.

Ausserdeem gëtt de Gesetzprojet Nr. 6568 keng Virschrëften zu der homologer PMA un (d.h. déi PMA wou d'Stammzelle vun der Koppel selwer kommen), wat logescherweis bedeit, dass dës Form vun der PMA, déi scho wäitleefeg am Gebrauch ass, guer net gesetzlech regléiert ass.

Mam Gesetzprojet Nr. 6568 kann een, reng legal gesinn, näischt maachen, wann et zu enger Entwécklung vun engem neien extrem lukrative Secteur zu Lëtzebuerg géif kommen, wou d’PMA ouni medizinesch Grënn ugebuede gëtt an dat zum Virdeel vu (räiche) Koppelen , déi net steril sinn, mä déi sech Nokomme wënschen, déi besser sinn, an dat andeems hir eege Stammzelle extra selectionéiert ginn oder Stammzelle vun engem Spender aus engem Katalog geholl ginn, woubäi nëmmen déi bescht Embryoen erausgesicht gi fir an d'Gebärmutter anzesetzen. De Lieser vun dësem Schreiwen huet Intressi drun, e Kuerzfilm ze kucken, deen op enger witzeger mä och onheemlecher Manéier dës Fro opgräift festivalnikon.fr Je suis un OGM).

An dësem Kontext schéngt et noutwenneg ze sinn, d'Positioun vun der Initiativ dem Legislatur an dëse Punkten duerzeleeën:

- 3.1. déi homolog PMA;

- 3.2. déi heterolog PMA

- 3.3. d'GPA


3.1. D'Positioun vun der Initiativ am Fall vun der homologer PMA

3.1.1 Eng homolog PMA ouni medizinesch Grënn

D'Initiativ widdersetzt sech massiv der homologer PMA ouni medizinesch Grënn, déi et net-sterilen a gesonde Mënsche erméiglecht, wéi virdru beschriwwen, hir Kanner am Reagenzglas ze maachen fir sou hir Nokommen ze selectionéieren a méiglecherweis souguer ze verbesseren oder d'Embryoe fir spéider hin ze konservéieren.

D'Initiativ ass sech dem immense Risiko fir d'Gesellschaft bewosst, deen de Gesetzprojet Nr. 6568 duerch säi Schweigen an dëser Fro schaaft.

Duerch eng homolog PMA ouni medizinesch Grënn gëtt d'Gesellschaft an d'Ära vum Kand als Objet agefouert, wou Kanner no de Wënsch a Besoine vun Erwuessener kreéiert ginn. Eng homolog PMA ouni medizinesch Grënn ersetzt de sexuellen Ëmgang als Technik, well en net méi néideg ass fir e Kand ze schafen, wouduerch awer d'Qualitéit vun den zwëschemënschleche Relatioune massiv wäert leiden. Ausserdeem muss d'Kand dem Wonsch vun den Elteren entspriechen, sou dass all Ofwäichung nach manner akzeptéiert ka ginn a wat och negativ Konsequenzen fir Kand wärt hunn.

Déi homolog PMA ouni medizinesch Grënn mécht och déi sozial Ënnerscheeder, déi op de Räichtum zréckzeféiere sinn, méi grouss. Déi Räich kenne sech eng PMA an och déi bescht Méiglechkeete leeschten, fir hir Stammzellen ze selektionéieren an ze verbesseren. Déi Aarm planzen sech weider op natierlechem Wee fort.

Déi homolog PMA ouni medizinesch Grënn ass charakteristesch fir en Ultraliberalismus, deen de Mënsch zu engem Aarbechter a Consommateur ofwäert. Déi rezent Virschléi vu Facebook an Apple un hir Mataarbechter fir sech gratis hir Eezelle fir spéider afréieren ze loossen, si soss näischt, wéi dës Mataarbechter zum schaffen a consomméieren ze drängen, wat op d'Käschte vun hire perséinleche Wënsch geet, mä e Virdeel fir d’Actionnairen ass.

Déi homolog PMA ouni medizinesch Grënn erméiglecht déi staatlech Eugenik, déi am Ufank harmlos wierkt, well d'Sozialversécherung sech ëm den Diagnostic virum Aplanze an d'Auswiel vun den Embryoe këmmert, mä op Siicht, kéint sech dat verschäerfen a Famillen, déi en eventuellt handikapéiert Kand wëllen halen, kéinte stigmatiséiert ginn.

Déi homolog PMA ouni medizinesch Grënn widdersetzt sech och der elementarer Natur . Dat geschitt duerch déi technesch Mëttel, déi benotzt ginn, mä och duerch d'Laangzäitkonsequenzen, well eng progressiv Veraarmung vun der Biodiversitéit vun de mënschleche Genen duerch d'Auswiel vu Stammzellen areecht gëtt.

Et wäerten ëmmer Leit a Gruppe ginn, déi eng homolog PMA ouni medizinesch Grënn wëlle verteidegen, aus deem Grond, dass eng Koppel de "fräie" Choix soll hunn zwëschen enger Schwangerschaft iwwer den natierleche Wee oder dee vun der PMA. Dës Leit a Gruppen gi sécherlech an hire Fuerderungen fir "Fräiheet" vu staarke wirtschaftleche Interêten (d'Pharmaindustrie, PMA-Kliniken an all aner Acteure, déi e wirtschaftleche Virdeel duerch eng Optimiséierung vun hire Ressources humaines hunn) ënnerstëtzt.

Mä ëm wéi eng Fräiheet geet et hei? Déi homolog PMA ouni medizinesch Grënn erméiglecht op Siicht, duerch all déi Deviatiounen, déi se erlaabt, eng faktesch Marginaliséierung vun der natierlecher Schwangerschaft an och der natierlecher Gebuert. Wa mir deen onmënschleche Wee aschloen, wéi vill Zäit hu mir dann nach fir fräi ze entscheeden, e Kand natierlech ze schafen an op d'Welt ze bréngen oder net?

An dësem Kontext ass et wichteg, dass de Legislateur net einfach déi homolog PMA ouni medizinesch Grënn ignoréiert.

De Legislateur muss se duerch de Gesetzprojet Nr. 6568 komplett verbidden.


3.1.2 Déi homolog PMA fir Koppelen, déi steril sinn oder schwéier Krankheeten hunn

Dës Fro ass innerhalb vun der Initiativ diskutéiert ginn an et huet sech erausgestallt, dass d'Meenungen ausenee ginn.

Verschidde Leit fannen et komplett berechtegt et ze erlaben, dass eng Koppel, déi wéinst enger Fonktiounsstéierung (Impotenz, Verstoppe vun den Eeleder) steril ass, eege, biologesch Kanner ka kréien. Si fannen et onfair, wann d'Leide vun deene Koppelen net respektéiert géif ginn a si net vun der Technik Gebrauch maache kéinten. Si fannen, dass déi technesch Ënnerstëtzung, déi déi Koppelen kréien, engem normalen therapeuteschen Agrëff gläichzesetzen ass. Si gesinn an, dass dës Zort vu PMA op jidder Fall scho praktizéiert gëtt, an dass et dowéinst näischt bréngt sech dergéint ze stellen.

Aner Leit sinn der Meenung, dass eng homolog PMA och an dësem Fall net wënschenswäert ass. Si fannen, dass d'Legaliséiere vun der PMA éischtens engem anthropologesche Paradigmewiessel gläich kënnt, well doduerch Liewen duerch technesch Ënnerstëtzung an onofhängeg vum sexuellen Ëmgang legal entstoen dierf. Si gesinn natierlech an dass d'Zil dovunner gutt gemengt ass, mä d'Mëttelen sinn net gutt, sou dass si net zoustëmmen kënnen.

Zweetens halen si fest, dass soubal sou Techniken erlaabt ginn et no hirer Erfarung dozou kënnt, dass se och an anere Situatioune benotzt ginn. Ausserdeem hu si festgestallt, dass déi Sterilitéit op déi sech beruff gëtt fir kennen eng PMA ze maachen, a verschiddene Fäll net duerch eng tatsächlech pathologesch an onheelbar Sterilitéit bedingt ass, well et d'Ongedold an d'Suerg wéinst méi schlechte Chancen fir am Laf vun der Zäit natierlech schwanger ze ginn oder och eng Fertilitéit, déi méi laang brauch fir no joerelaangem Gebrauch vu Contraceptiounsmëttelen erëm ze kommen, d’Ursaach sinn. Si fannen, dass d'PMA, och wa se am Prinzip nëmme fir steril Koppelen erlaabt ass, eng onweigerlech Tendenz hätt fir ëmmer méi an anere Situatioune benotzt ze ginn an dat well de Begrëff vun der Sterilitéit net kloer definéiert ass an et och e wirtschaftleche Interêt am medizinesche Secteur gëtt.

Et kennt een op d'Conclusioun, dass eng PMA fir steril Koppele, wéinst deem anthropologesche Broch, déi se mat sech zitt an och wéinst dem onvermeidleche Gebrauch fir aner Zwecker, u sech den éischte Schrëtt - aus Matgefill - an d'Richtung vun der PMA ouni medizinesch Grënn ass.

Am Moment hält sech d'Initiativ nach zréck, wat d'Fro vun der PMA fir steril Koppele betrëfft, mä si wäert weider iwwert déi Fro nodenken fir eestëmmeg déi richteg Léisung ze fannen.

3.2. D'Positioun vun der Initiativ am Fall vun der heterologer PMA (also déi mat engem Stammzellespender)

Am Verglach zu der homologer PMA (mat de Stammzelle vun der Koppel), déi der Definitioun no nëmmen heterosexuell Koppele betrëfft, kann eng heterolog PMA (mat de Stammzelle vun engem Spender) souwuel heterosexuell wéi lesbesch Koppele betreffen.

3.2.1 - Eng heterolog PMA ouni medizinesch Grënn

Mir erënneren drun, dass de Gesetzprojet Nr. 6568 d'PMA duerch e Spender fir "époux ou […] partenaires au sens de la loi modifiée du 9 juillet 2004", d.h. fir heterosexuell oder homosexuell Koppele, déi bestuet oder nëmme gepacst sinn erlaben wëll, an dat an engem Wuertlaut, wéi wann d'PMA mol net e kontroverst Thema wier.

De Gesetzprojet gëtt keng Interdictioun an och keng Limiten un, wat de Gebrauch vun enger PMA mat Spender betrëfft.

Doduerch a wéinst dem Wuertlaut vum Gesetzprojet ass d'Entwécklung vun enger Industrie vun der heterologer PMA ouni medizinesch Grënn genau sou logesch wéi déi vun der homologer PMA ouni medizinesch Grënn. .

Et ass schonn erklärt ginn, dass déi homolog PMA ouni medizinesch Grënn komplett onmënschlech ass. Déi heterolog PMA ass et "nach méi", well et jo net ëm d'Stammzelle vun der Koppel geet. D'Kand ka geschaf gi mat Sperma vun engem Spender oder der Eezell vun enger Spenderin (oder souguer vun zwee Spenderen, déi Eezellen a Sperma ginn) .

Mir widerhuelen net nach eng Kéier d’Erklärunge vu virdun, mä si gëllen ëm sou méi an dësem Fall.

De Gesetzprojet Nr. 6568 ass am Moment e Projet deen immens problematesch ass fir net, bei allem Respekt fir eist nationalt Parlament, ze soen onverantwortlech.

3.2.2 - Déi heterolog PMA fir heterosexuell Koppelen, déi steril sinn a fir lesbesch Koppelen

Et bleift d'Fro, ob d'Initiativ sech géint déi heterolog PMA fir steril, heterosexuell an/oder fir lesbesch Koppelen (déi vun Natur aus keng Kanner alleng kenne kréien) stellt oder net.

D'Initiativ stellt sech, no villem Nodenken, géint eng heterolog PMA a béide Fäll, wéinst dëse fundamentale Grënn:

Am Gesetz ass dem Kand säi Bescht all aneren Intressien iwwergeuerdent, a besonnesch all Wënsch vun Erwuessenen, egal ob déi Erwuessen hetero- oder homosexuell sinn. Et ass d'Aufgab vum Legislateur stänneg den optimalen Cadre fir d'Kand ze fannen an ze erhalen.

Et ass evident a souguer am Gesetz festgehalen, dass den optimale Cadre fir d'Kand seng biologesch Famill ass. Dat dreckt och déi international Konventioun iwwer d'Rechter vun de Kanner aus, well et gëtt ernimmt, dass e Kand dat fundamentalt Recht huet ze wëssen, wee seng Mamm a wee säi Papp ass, woubäi d’Recht, sou wäit dat méiglech ass, vun hinnen erzunn ze ginn dobäi gehéiert.

Déi heterolog PMA ze erlaben, egal fir hetero- oder homosexuell Koppelen, bedeit, dass de Legislateur et äiskal oder fahrlässeg organiséiert an erlaabt, dass Kanner gemaach ginn, déi per Definitioun ni mat hirem biologesche Papp grouss ginn .

Dat heecht also, dass express Weesekanner geschaf ginn, déi vun Erwuessene mat Kannerwonsch kennen adoptéiert ginn. De Staat get dese Kanner ouni Gewessensbess e falschen état civil / Persounestand. Wéi eng Identitéitsproblemer wäerten déi Kanner eng Kéier kréien?

De Legislateur wëll also duerch de Projet Nr. 6568 a priori an express e Cadre vun der Ofstamung schafen dee suboptimal fir d'Kand ass. Et ass awer net d'Roll vum Legislateur e suboptimale Cadre ze schafen an dann deene Betraffenen e Bierg vu Problemer ze hannerloossen. Seng Roll ass den optimale Cadre vu Vireran ze schafen an en bäizebehalen. Et soll ee keng Weesekanner schafen.

Natierlech zitt et vill Leed mat sech, wann ee keng Kanner ka kréien. Dat gëllt fir steril, heterosexuell Koppele mä och fir lesbesch Fraen (obwuel dës Koppel vun Natur aus steril ass).

Mä mär kënne weder eng gerecht an human Gesellschaft schafen nach se op Dauer halen, wann dat op d'Laaschte vun engem Grondrecht geet.

Mä mär kënne weder eng gerecht an human Gesellschaft schafen nach se op Dauer halen, wann dat op d'Laaschte vun engem Grondrecht geet.

Niewent dësem fundamentale Grond, deen u sech duer geet fir de Gesetzprojet Nr. 6568 a senger momentaner Form ze condamnéieren, well e géint d'Grondrechter geet, kënne mir och nach feststellen, dass et dem Legislateur egal ass, dass all jonke Mënsch dem Risiko vum Inzest ausgesat ass. Et ass esou, dass bei all Kand (och wann et net duerch eng PMA op d'Welt komm ass !) de Risiko besteet, dass et sech ouni et ze wëssen mat engem Brudder oder enger Schwëster bestuede kann, well säi Papp anonyme Spermaspender war. Ausserdeem verhënnert de Projet, dass all Kand, dat duerch eng heterolog PMA op d'Welt komm ass, vun der predictiver Medizin ka profitéieren (well et näischt iwwer d'Ierftlechkeet vu sengem Papp senger Säit weess). A schliisslech muss een och "surnumerär" Embryoen kreéieren, an doduerch entstinn ethesch Problemer, déi net geléist kenne ginn. Des Embryoen gin als einfach Laboratoiresmaterial oder bioindustriell Matière première ugesinn.

3.3. D'Positioun vun der Initiativ zu der GPA

D'GPA (gestation pour autrui), oder d’Leihmutterschaft, bedeit, dass eng Fra e Kand ausdréit an op d'Welt bréngt, dat un eng aner Fra oder eng Koppel ofgi gëtt.

D'GPA ass géint Dignitéit vum Kand, well se, wéi och d'PMA ouni medizinesch Grënn, aus dem Kand eng Wuer mécht: d'Schafe vum Kand geet iwwer e Kontrakt, wou d'Kand bestallt gëtt, an och de Präis an d'Delaien asw. ugi sinn. D'Kand gëtt also geschaf fir vu senger Mamm ofginn an un eng aner Koppel verkaf ze ginn. Dat zitt mat sech, dass d'Legaliséierung vun der GPA e flagrante Broch mat eisem Grondrecht ass, well e Mënsch ni den Objet vun engem Kontrakt ka sinn. Wann een dann nach bedenkt, dass de Präis, dee bei enger GPA muss bezuelt ginn, natierlech dozou féiert, dass d'Kand sech an engem méi spéiden Alter freet, wéi héich dee Präis war, an dorobber hin op säin eegene Wäert schléisst... Wéi ka sou eng Bewäertung vun engem Mënsch a Suen (an doduerch eng Relativiséierung) keen ofwäertenden Effekt op de Mënsch hu, fir d’Kand selwer, fir d'Fra, déi et ausgedro a gebuer huet , fir Frau, déi et kaf huet an och méi allgemeng fir all Mënsch?

D'GPA gräift d'Dignitéit vun der Fra un, well si d'Roll vun der Fra op eng "Productrice" vu Kanner, déi ee kafe kann, degradéiert: de Kierper vun der Fra ass gelount an d'Eezelle ginn heiansdo kaaf mam Zil fir Kanner ze schafen. Dat ass déi schlëmmste Form vun der Ausnotzung vun enger Fra.

D’GPA hëlt dem Kand seng Mamm: d'Kand gëtt ni eppes iwwert seng biologesch Mamm gewuer, et weess just, dass seng Mamm et gemaach huet fir et ze verkafen; d'Leihmutter verléiert all Recht op d'Kand.

D'GPA mécht d'Relatioun zwëschen der Mamm an dem Kand während der Schwangerschaft an deenen éischte Liewensjoer méi schwaach, obwuel d'Interaktioune mam Kand während et nach an der Gebärmutter vun der Mamm ass vu Kannerpsychologen als ganz wichteg fir den Equiliber vum Kand ugesi gëtt.

Aus deene Grënn stellt Initiativ sech géint all Form vun Encouragementer fir eng GPA, zum Beispill duerch d'Unerkennen am lëtzebuerger Recht vun der Ofstamung bei enger Koppel, déi am Ausland iwwert eng GPA e Kand kritt huet, an zemools all Pläng fir d'GPA zu Lëtzebuerg ze legaliséieren.

D'Initiativ bied den Legislateur drëm, d'GPA formell ze verbidden.

4. Conclusioun

D'Initiativ rifft dozou op, de Projet Nr. 6568 ze modifiéieren fir dass:

- déi homolog PMA ouni medizinesch Grënn verbuede gëtt;

- déi heterolog PMA an alle Fäll (ouni medizinesch Grënn, homo- oder heterosexuell) verbuede gëtt;

- d'GPA an alle Fäll verbuede gëtt.

D'Initiativ wäert weiderhin iwwert déi homolog PMA bei sterile Koppele nodenken.

Lëtzebuerg, de 27. Februar 2015.






Den Trakt eroflueden
an drécken
   “E Kand huet Recht op eng Mamm an e Papp”
Newsletter :
www.defensedelenfant.lu    -    www.schutzfirdkand.lu