Défense de l'enfant

Argumenter

Déi, déi géint d‘Bestietnis vun homosexuelle Koppele sinn, sinn homophob …

Wéi vill Minoritéite sinn homosexuell Persoune verfollegt ginn a sinn och haut nach deem Risiko ausgesat. D‘Gesellschaft ass awer derzou verpflicht, all hire Membere Schutz a Fridden ze garantéieren, an zwar onofhängeg vun hiren Originen, hire reliéisen Iwwerzeegungen, hire politische Meenungen oder hire sexuellen Orientéirungen.

D’Initiative Schutz fir d´Kand – Défense de l´enfant handelt am Respekt vun all Persoun, an zwar onofhängeg vun däer hirer Situatioun. Si distanzéiert sech vun a verdaamt all Ausgrenzung vun homosexuelle Persounen. Si betount mat Nodrock, datt homosexuell Persounen, genee ewéi all déi aner och, ee Recht drop hunn, respektéiert ze ginn an a Fridden ze liewen.

Zugläich läit der Initiativ Schutz fir d‘Kand – Défense de l‘enfant d‘Wuel vun de schwächste Membere vun der Gesellschaft um Häerz – de Kanner, déi haut nach keng Stëmm hunn, mais déi déi Erwuesse vu mar wäerte sinn.

D’Konsequenze vum Bestietnis vun homosexuelle Koppelen (an, domatt verbonnen, d’Adoptioun an d’PMA – procréation médicalement assistée) sinn allerdéngs net ze ënnerschätzen, obschons meeschtendeels net doriwwer geschwat gëtt: Kanner ouni richteg Filiatioun, „Fabricatioun“ vum Mënsch, Negatioun vun der sexueller Alteritéit. Fir de Fall, datt d‘Bestietnis vun homosexuelle Koppele sollt votéiert ginn, géif dat bedeiten, datt an Zukunft vill Leit am Stëlle missten dorënner leiden, an datt dem Individualismus an allen domat verbonnenen particulaire Revendicatioune quasi keng Grenze méi gesat wiren.

Homosexueller, déi frou matenaner sinn, solle sech grad esou bestueden dierfen ewéi heterosexuell Koppelen …

Wann zwou Persoune frou matenaner sinn, dann hu si net automatesch d’Recht, sech och ze bestueden. Ët geet net dorëms, d’Éierlechkeet vun hirer Léift a Fro ze stellen, mais d’Bestietnis kann net einfach « fir all déi, déi frou matenaner sinn » opgemaach ginn – et sief dann, ët géif een och Polygamie, Polyandrie, inzestuös oder Gruppebestietnisser asw. zouloossen.

D’Bestietnis ass net nëmmen d’Unerkennung vun enger Léift, mais virun allem déi Institutioun, déi d’Bündnis vu Mann a Fra an d’Successioun vun de Generatiounen artikuléiert Et ass ee grondleeënden Akt bei der Konstruktioun a fir d’Stabilitéit vum Individuum a vun de mënschleche Gesellschaften.

Beim Bestietnis vun homosexuelle Koppelen ass de Partner oder d’Kand vum Partner am Stierffall oder am Fall vun enger Trennung geschützt …

Zu Lëtzebuerg ass de PACS hinsichtlech vu sengen ökonomischen Auswiirkunge quasi mam Bestietnis identisch. Ët gëtt d’ailleurs vill heterosexuell Koppelen, déi sech léiwer pacse wéi bestueden. D’Argument vum Schutz vum Partner oder vum Kand geet duerfir net duer, fir d’Institutioun vum Bestietnis op esou eng radikal Art a Weis a Fro ze stellen, wéi d’Erlaabnis vum Bestietnis vun homosexuelle Koppelen dat mécht.

Eng homosexuell Koppel kann engem Kand vill Léift ginn …

Natiirlech, mais d’Léift eleng geet net duer. Wien d’Bezéiung zu den Elteren op déi affektiv an erzéieresch Dimensioun reduzéiert, dee verkennt, datt d’Bezéiung, déi duerch eng Filiatioun geschaaf gëtt, och psychesch Inhalter iwwerdréit an dem Kand säin Identitéitsgefill begrënnt.

D’Kand fënnt eréischt doduerch zu sech selwer, datt ët séch vun aneren ofgrenzt, an dat setzt viraus, datt et weess, wiem et gläicht. Hatt muss wëssen, datt et vun der Vereenegung an duerch déi sexuell Differenzéirung vun engem Mann, séngem Papp, an enger Fra, sénger Mamm, hierkënnt, déi séng Eltere sinn. All Kand brauch eng kloer a kohärent Genealogie, fir sech als Individuum positionéiren ze kënnen an ze wëssen, wou et hierkënnt. Hautjesdaags ass de Risiko, d’Verknëppung vun de Genratiounen op eng irreversibel Art a Weis duerchenanerzebréngen, enorm grouss.

Homosexueller hunn ee « Recht op Kanner » …

Ee Recht op ee Kand gëtt et weder fir heterosexuell nach fir homosexuell Koppelen. Kee Mensch stellt dat Leiden, dat munnech homosexuell Koppele wéinst hirer Onfruchtbarkeet empfannen, a Fro – mee dat ass ee Leiden, dat si matt heterosexuelle Koppelen deelen, déi keng Kanner kréie kënnen. Et huet awer kee Mënsch d’Recht, seng eege Laascht op d’Schëllere vun deenen aneren ofzewälzen. D’Kand ass keen Objet vum Droit, mais ee Sujet vum Droit. D’Kand als Persoun, als Sujet, kënnt awer net vir an den Discoursë vun deenen, déi sech fir d’Bestietnis (an deemno fir d’Adoptiounsrecht) vun homosexuelle Koppelen asetzen. Dat erlaabt hinnen, d’Fro, wat fir eng Rechter d’Kand eventuell kéint hunn oder wat ee Kand eventuell am Liewe bräicht, einfach ze ignoréieren. D’Recht vum Kand ass awer, wat zielt a wouvunn ee muss ausgoen – an zwar fir d’alleréischt d’Recht vun all Kand, an enger Famill grouss ze ginn, déi sech aus Papp a Mamm zesummesetzt, an an däer d’Kand déi gréisstméiglech Chancen huet, all seng Potentialitéiten esou gudd wéi et geet ze entwéckelen.

- Avis du Tribunal d'arrondissement de Luxembourg sur le projet de loi

D‘Bestietnis vun homosexuelle Koppele féiert net zur GPA (gestation pour autrui) ...

De Projet de loi gesäit d’Méiglechkeet vun der PMA fir homosexuell Koppele vir. Hien erlaabt deemno d’« Fabricatioun » vu Kanner ouni Papp duerch lesbesch Koppelen. D’GPA bleift zwar am Prinzip ausgeschloss, mee et ass virauszegesinn, datt männlech Koppelen am Numm vun der Gläichberechtegung fir all Koppel, « Elteren » ze ginn, géint dës Rectrictioun Asproch erhiewe wäerten.

Et schéngt, wéi wann Etüde géife beweisen, datt et keen Ënnerscheed tëscht Elteren, déi Mann a Fra sinn, a gläichgeschlechtlechen « Eltere » géif …

Déi Etüden, op déi sech ëmmer neess beruff gëtt, fir déi eng oder déi aner Stellungnahm ze ënnermaueren, muss ee matt dem néidege Recul liesen: Wat fir eng Froë goufe gestallt? Wat fir en Echantillon gouf ausgewielt? Wat fir eng Leit hunn d’Enquête gemaach? Wien huet se an Opdrag ginn – asw … De Moment huet ee groussen Deel vun den Etüden, déi öffentlech zougänglech sinn, just zum Zil, d’Homoparentalitéit ze justifizéieren. Op däer aner Säit ass eng Etüde wéi déi vum Mark Regnerus an Amerika an enger haaptsächlech universitärer Perspektiv iwwer vill méi grouss Echantillonen an och iwwer vill méi eng laang Zäit duerchgefouert ginn. Nodeem si kritiséiert gouf, huet de Regnerus Detailer präziséiert … ouni datt dat eppes um Resultat geännert hätt: Et ass einfach net datselwecht, ob ee Kand Elteren huet, déi Mann a Fra sinn, oder ob et bei enger gläichgeschlechtlecher Koppel grouss gëtt.

Fir méi driwwer gewuer ze ginn:
- Konferenz vum Pr. Maurice Berger – 2013
- Etüd vum Mark Regnerus

D’Bestietnis vun homosexuelle Koppelen fënnt allgemeng Zoustëmmung …

D’Politiker informéieren d’Bevölkerung net iwwer dat, wourëms ët wierklech geet. D’Erfahrung a Frankräich huet gewisen, datt eng Majoritéit vu Leit (59%), esou bal sie gewuer goufen, datt tëscht Bestietnis an Adoptioun eng automatesch Verbindung besteet, géint d’homosexuellt Bestietnis sinn (Sondage IFOP vum März 2013). Deem géintiwwer gëtt ët vill Homosexueller, déi sech matt vill Courage ëffentlech duerfir ausgeschwat hunn, datt d’Bestietnis dat bleift, wat ët ass: d’Unioun vun engem Mann an enger Fra.

Fir méi wäit ze goen : - Homovox





Den Trakt eroflueden
an drécken
   “E Kand huet Recht op eng Mamm an e Papp”
Newsletter :
www.defensedelenfant.lu    -    www.schutzfirdkand.lu